© Jeanine Unsen
Junges Publikum, Konzert, Schulveranstaltung

SOLD OUT | DE KAPITÄN MULLEBUTZ A SENG SÉISSWAASSERMATROUSE SI SCHNEEKEG!

Musekspektakel fir Kanner vu 4-9 Joer (Cycles 1-3)
Montag 06.02
10h00
Buy tickets

De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrouse sinn no laanger Rees erëm zréck am Hafen zu Lëtzebuerg. Nodeems de Kapitän Mullebutz a seng Crew duerch hiert villt Gewibbels an Héichform sinn, kënne si mat guddem Gewëssen erëm op hire Bauch lauschteren, gutt iessen a schneeken, hmmm! Pechege Kachkéis, en Zapp-Ee, eng laang Zossiss a gaaaaanz vill Schokola.    

De Mullebutz a seng Crew invitéieren all kleng a grouss Pirate fir mat him ze sangen an ze danzen. Dir dierft och gäre verkleed kommen!

DE KAPITÄN MULLEBUTZ A SENG SÉISSWAASSERMATROUSEN SI SCHNEEKEG! ass den drëtten Deel vun der beléifter Matmaach-Concerts-Serie fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hir erwuesse Begleeder.

Infos

Eng Produktioun vun ALLERRETOUR A.S.B.L. an der PHILHARMONIE LUXEMBOURG a Koproduktioun mam TRIFOLION ECHTERNACH, dem ESCHER THEATER an dem CENTRE CULTUREL RÉGIONAL AALT STADHAUS DIFFERDANGE.

Iddi, Konzeptioun a Gesank Dan Tanson
Arrangementer, Piano, Akkordeon, Klackespill Georges Urwald
Arrangementer, Elektronik a Getrommels John Wolter
Gittar Christian Peckels / Bassgei Tom Wiot
Trompett Jhang Kohnen
Gei a Gesank Noémie Leer
Trombonn Patrick Wilhelm
Saxophon Jessica Quintus
Gebäerdesprooch Véronique Steinmetz
Tountechnik Georges Majerus
Luucht Bert Marijsse
Kostümer Anne-Marie Herckes
Visuals & Animatiounen Claude Grosch
Choreographie Nathalie Moyen

Teaser

Dauer

+- 55 Minuten ohne Pause

Preise

Prix unitaire: 5,00

Ermäßigte Tickets, z.B. für Kinder, Studierende, Rollstuhlplätze sind nicht online buchbar. Bitte erkundigen Sie sich ggf. bei unserer Tageskasse (Mo-Fr 13:00-18:00 Uhr) unter +352 26 72 39 500.