Germaine Goetzinger

Vortrag Germaine Goetzinger: „Déi éischt Iechternacher Festspiller vun 1935“ mit musikalischer Umrahmung von André Mergenthaler

Dienstag 29. Mai 2018 20:00 Dienstag 29. Mai 2018 22:00 Agora

Vum 30. Juni bis de 25. August 1935 hunn am Haff vun der Abtei déi éischt Iechternacher Fräiliichtfestspiller stattfonnt. D’Initiativ goung vun der Komödie aus, enger 1934 zu Lëtzebuerg gegrënnter professioneller Theatertrupp vu jüddeschen Emigranten. Um Programm stoungen Operen, Theaterstécker an e Bach-Händel-Concert. Groussen Erfolleg haten d’Theaterstécker Jedermann vum Hugo von Hofmannsthal, Faust I an Iphigenie vum Johann Wolfgang von Goethe, awer och Griselinde vum Nikolaus Welter. De Virtrag geet op de kinge Versuch vun de jüddesche Schauspiller an, Iechternach zu enger Festspillstad wéi Salzbuerg ze maachen, beschreiwt awer och dat trauregt Enn vun engem hoffnungsvolle Projet.

De Virtrag gett musikalesch ennermolt vum beschtbekannten letzebuergeschen Cellist André Mergenthaler. Hien improviséiert op eng virtuos Manéier ënnerschiddlech Musikgenren vun Klassik op Jazz oder op Popp.

ca. 70 Min. ouni Paus

Lëtzebuergesch

An Kooperatioun mat: