Bohumil Kostohryz

Tickets:
VVK ab dem 06.09.

25 EUR
12,50 EUR

Kulturpass: 1,50 EUR

Weitere Termine
25.09.2021
26.09.2021

De Bësch

Freitag 24. September 2021 18:30 Freitag 24. September 2021 22:00 Kuelespaacher Bësch | Treffpunkt TRIFOLION

Volleksbühn

Der Volleksbühn hiren neie Projet De Bësch ass eng immersiv Outdoor Experienz, en Hybrid tëscht Nuetsrallye an Theaterstéck. D’Welt an déi mer andauchen ass labber inspiréiert vu Lord of the Flies an The Matrix a schéckt d’ZuschauerInnen op eng sënnlech a verspillte Reess, di grouss metaphysesch Themen, déi d’Mënschheet schonn ëmmer beschäftegt hunn an déi haut méi aktuell si wi je, ze exploréieren: Wat ass Wourecht? A wéienger Realitéit wëlle mer liewen? Gëtt et e fräie Wëllen oder ass Choix just eng Illusioun?

En investigative Journalist entdeckt, dass d’Welt an där mir liewe just eng Illusioun ass. Hie bréngt et färdeg aus dësem Simulacrum ze flüchten a land am Bësch - oder deem wat vun der richteger Welt nach iwwreg ass. Do trëfft hien op aner Leit, déi déi och, gewollt oder ongewollt, de Komfort vun hirer glécklecher Ignoranz verlooss hunn. Während Verschiddener probéiere vun der Situatioun ze profitéieren an anerer verzweifelt versichen erëm “heem” ze fannen, komme si dem Grond vun där virtueller Versklavung vun der Menscheet op d’Spur a ginn dobai mam Sënn vun hirer egener Existenz konfrontéiert. Sie struewelen mat där neier Wourecht an der Responsabilitéit, déi déi mat sech bréngt a musse sech froen ob déi virtuell Welt, déi si verlooss hunn, net awer dëser Wüst vun der Realitéit virzezéie wier. Ass Ignoranz wierklech Gléck oder ass et Versklavung? Kënne mer an de perfekter Illusioun wierklech frou sinn?

De Bësch erzielt keng Geschicht am klassesche Sënn, mat Ufank, Héichpunkt an Enn. D’ZuschauerInne gi vill méi Deel vun engem fiktive, mee tactille Microcosmos, dee si op ege Fauscht exploréiere kënnen. Si dauche voll an d’Welt vum Bësch an a gi, jidderee fir sech an a sengem Tempo, Spueren no, begéine Personnagen, déi se vlait an e Geheimnis aweien, kënnen hir Entdeckungen mat aneren deelen a si mat deenen nämlechte Froe konfrontéiert, wéi d’Personnagen.

De Bësch ass eng multilingual Performance
LU | DE | FR | EN

3,5 St. | Départ 18h30 beim TRIFOLION Echternach

De Bësch ass eng immersiv Outdoor-Experienz an engem Bësch. Mir bieden Iech, adaptéiert Kleedung a Schong unzedoen an d'Ëmwelt ze respektéieren. Busser bréngen de Public vun de Kulturhaiser (TRIFOLION Echternach, Kinneksbond Mamer & Kulturhaus Niederanven) an de „Kuelespaacher Bësch“. Den Depart ass um 18h30. Wann Dir léiwer mam Auto op d'Plaz vun der Experienz kommt, kënnt Dir dat beim Kaf vun Äre Billjeeën uginn. Méi Informatiounen a Uweisunge ginn Iech nom Kaf vun Ärem Billjee a virum Evenement per E-Mail geschéckt.

Opgrond vum Terrain & der physescher Komponent vum Erliefnis ass d'Veranstaltung net fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit gëeegent. Recommandéierten Alter: 15+

Konzept, Text, Regie: Max Jacoby, Anne Simon
Kënschtleresch Mataarbecht: Jacques Schiltz
Bünebild, Kostümdesign: Ágnes Hamvas
Luucht: Nina Schaefer
Musek: Plastiklova (Yu Oda & Laurent Warnier)
Produktioun: Karoline Maes
Mam: Jil Devresse, Denis Jousselin, Rosalie Maes, Dominik Raneburger, Konstantin Rommelfangen, Pitt Simon
Koproduktioun: Volleksbühn, Kinneksbond Centre Culturel Mamer, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, KUFA Esch, Aalt Stadhaus Differdange, Trifolion Echternach, Kulturhaus Niederanven, Prabbeli Wiltz, Artikuss Zolwer, Mierscher Kulturhaus

Mat der Ënnerstetzung vun: