Villa Vauban

Tickets:
Gratis Entrée! Réservatioun obligatoresch: <a href="visites@2musees.vdl.lu">visites@2musees.vdl.lu</a>

D’Echternach à Paris : l’histoire extraordinaire d’Élise Hack, amoureuse des arts

Montag 20. September 2021 19:00 Montag 20. September 2021 20:00 Atrium  ·  Veranstalter: Villa Vauban

Conferencier: Guy Thewes, Direkter - Les 2 Musées de la Ville de Luxembourg

D'Élise Hack gouf 1860 zu Iechternach an eng grouss a bescheide Famill gebuer. Wéi esou vill aner Lëtzebuergerinnen ass hat op Paräis ausgewandert fir do eng Ustellung als Déngschtmeedchen ze fannen. D'Élise hat d'Chance eng Plaz beim bekannte Konschtkritiker Henry Havard ze kréien, dem hat zäitliewens verbonne bliwwen ass. Duerch hien huet hat Bekanntschaft mat de wichtegste Kënschtler aus dëser Zäit gemaach. Moler a Sculpteuren hunn him Wierker gewidmet. Wéi den Havard 1921 gestuerwen ass, huet d'Élise seng Konschtsammlung der Stad Lëtzebuerg gestëft. Obwuel hat zu Paräis gelieft huet, ass hat sengem Heemechtsland a senger Heemechtsstad Iechternach, wou seng Famill gelieft huet, ëmmer verbonne bliwwen.

D'Konferenz stellt dat familiäert & soziaalt Ëmfeld fir, aus dem d'Élise Hack hierkënnt, a geet dann op den Alldag vun den Déngschtmeedercher zu Paräis an. Mee d'Élise ass net Déngschtmeedche bliwwen. Säin Liewen huet een onerwaarte Laf geholl. D'aussergewéinlech Geschicht vum Elise Hack féiert eis an d'Welt vun der Konscht an. Déi vun him gesammelt Wierker, déi haut Deel vun der Sammlung vun der Villa Vauban sinn, bidden een eenzegaartegen Abléck an d'Paräisser Konschtzeen um Enn vum 19. Joerhonnert.

Organisateur:  Villa Vauban - Musée d'Art de la Ville de Luxembourg

Am Kader vun der Ausstellung an der Villa Vauban: « Pour Élise » - La collection Hack et l’art à Paris à la Belle Époque

 

 Lëtzebuergesch