Carlo Schmitz

Tickets:
12 EUR Eenheetspräis

Kulturpass gëtt akzeptéiert

Supplément Dageskeess:
2,50 EUR pro Ticket

Gruppenreduktioun ab 5 Persounen 20 %

Independent Little Lies – D’Glühschwéngchen

Sonntag 20. Oktober 2019 15:00 Sonntag 20. Oktober 2019 15:40 Agora

Theaterstéck ab 6 Joer (Cycle 2)

D'Glühschwéngchen hat ze laang ënnert der waarmer rouder Luucht geleeën a well et elo ganz gliddeg ass, wëll kee mat him spillen. Wéi hatt héiert, datt et bei de Pinguinen ëmmer kal ass, wëllt et bei déi goen. Ënnerwee begéint et ee Mann, deen zwar ausgesäit wéi e Pinguin an him Hëllef versprécht, mä do erlieft hatt awer säi gréngt Wonner!

D'Glühschwéngchen ass eng lëtzebuergesch Kannergeschicht vum Nora Wagener a Luc Caregari, illustréiert vum Carlo Schmitz (Op der Lay, 2016).

D'Regisseurin Linda Bonvini an d'Schauspillerin Rosalie Maes hunn dës Geschicht fir d'Bühn adaptéiert a sech fir e multidisziplinäert Konzept entscheet: Op der Bühn vermësche sech Schauspill, Projektiounen an d'Kläng vu verschiddene Saxophonen.

D'Glühschwéngchen ass dat éischt Stéck vun Independent Little Lies fir e jonke Public ab 6 Joer. ILL ass en interdisziplinären Theaterkollektiv deen 1995 gegrënnt gouf, sech mat zäitgenësseschen a sozialen Themen ausenanersetzt a jonken Artisten eng Plattform gëtt fir hir Projeten ze realiséieren.

Méi Informatiounen ënner: www.ill.lu

Klickt hei fir den Trailer vun der Veranstaltung ze kucken.

Text: Nora Wagener a Luc Caregari
Adaptatioun: Linda Bonvini a Rosalie Maes
Zeechnungen: Carlo Schmitz
Regie: Linda Bonvini
Kënschtleresch Mataarbecht: Jacques Schiltz
Bühn a Kostüm: Lucie Majerus
Musek: Jessica Quintus
Luucht: Dominik Dusek

Mam Rosalie Maes

Eng Produktioun vun Independent Little Lies a Koproduktioun mam Kulturhaus Niederanven, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Escher Theater. Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture a vum Fonds Culturel National.

ca. 40 Min. | ohne Pause

Lëtzebuergesch