Kabar Ö - „Total am Bësch“
Eng kabarettistesch Vue op eng mouvementéiert Zäit
De klenge Lëtzebuerger Mikrokosmos, „déi do uewen déi decidéieren“ – „déi do ënnen déi knadderen“, d’Loscht op Konsum - de Verdross virun der Verännerung vun der Landschaft, Engagement, Atomkraaft, Wirtschaftswuesstem, Politikverdrossenheet: Themen, déi haut ganz aktuell sinn.
Ma wéi war dat virun 10, 20, 30 Joren a méi? Ass haut alles besser? Wat ass muer?
Zum Ulass vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huele mir Iech mat op eng kabarettistesch Zäitrees, mat sprëtzegen, interessanten „ale“ Nummere vu bekannten oder manner bekannte Kabarettiste bis hin zu e puer neien aktuellen Nummeren. A wie weess, vläicht ass villes wat mer haut soen, guer net esou nei. Oder iren dach?
All eis nohalteg Texter sinn op recycléiertem Pabeier geschriwwen a sämtlech Pointe biologesch ofbaubar.
Organisatioun: Mouvement Ecologique a seng Regional Mëllerdall.
Et spillen: Alain Adams, Raymond Bertemes, Carole Doffing, Nicole Keiser-Jedrysiak, Irène Zeimes
Mat Texter vun: Alain Adams, Josy Braun, Roland Gelhausen, Jhemp Hoscheit, Josiane Kartheiser, Pir Kremer, Roland Meyer, Jay Schiltz, Jemp Schuster
Regie: Clod Thommes
Musek: Paul Dahm a Camille Nanquette
Lëtzebuergesch
90 Min + 20 Min Paus










