Kollektiv Resilienz - Zesumme liewen mat an no der Kris

Donnerstag 9. Juni 2022 19:30 Donnerstag 9. Juni 2022 21:00 Agora

 

Am Kader vun der Themerei RESET setzt den Trifolion de Fokus op dat, wat eis aktuell staark beweegt: wéi mir kënne nohalteg a gesond an eiser Gesellschaft liewen.

No zwee Joer Pandemie stellt sech d‘Fro, wat tëscht Hygienemesuren a Restriktiounen mat eis passéiert ass, wéi et eis elo geet, awer och, wat mir eis fir eis Zukunft wënschen. Mir mussen erem léieren, Kontakt zu eise Famillen, Frënn a Matmënschen opzebauen, a gläichzäiteg nach mat den aktuelle Restriktiounen ëmgoen. D’Situatioun hannerléisst awer och Tracë bei eis alleguer. Dëst besonnesch bei de Jonken an eelere Leit, déi am meeschten ënnert de strenge Mesuren an der Isolatioun gelidden hunn. Intervenanten:

Dr. Martine Hoffmann, GERO – Kompetenzzenter fir den Alter

Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher

Nathalie Keipes, Directrice, CePAS – Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires

Dr. François D'Onghia, D’Ligue – Ligue luxembourgeoise d’hygiène mentale

Elena Bienfait, Directrice, CNAPA - Centre National de Prévention des Addictions

Moderatioun: Annick Goerens

 

Diese Gesprächsrunde ist Teil der Themenreihe RESET.

Alle Veranstaltungen der Reihe finden Sie hier.

 

ca. 90 Min.

 

 Lëtzebuergesch