Kollektiv Resilienz - Zesumme liewen mat an no der Kris

Donnerstag 9. Juni 2022 19:30 Donnerstag 9. Juni 2022 21:00 Agora

 

Fräien Entrée - Reservatioun obligatoresch

Am Kader vun der Themerei RESET setzt den Trifolion de Fokus op dat, wat eis aktuell staark beweegt: wéi mir kënnen nohalteg a gesond an eiser Gesellschaft liewen.

No zwee schwierege Joer Pandemie si viru Kuerzem déi meescht Hygienemesurë gefall. Elo sti mir awer virun neien Erausfuerderungen: wéi kënne mir déi lescht Kris verschaffen, a gläichzäiteg mat der aktueller Kris an Europa emgoen? Wat ass Resilienz, a wéi kënne mir resilient sinn? 

Intervenanten:

Dr. Martine Hoffmann, GERO – Kompetenzzenter fir den Alter

Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher

Nathalie Keipes, Directrice, CePAS – Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires

Dr. François D'Onghia, D’Ligue – Ligue luxembourgeoise d’hygiène mentale

Elena Bienfait, Directrice, CNAPA - Centre National de Prévention des Addictions

Moderatioun: Annick Goerens

 

Diese Gesprächsrunde ist Teil der Themenreihe RESET.

Alle Veranstaltungen der Reihe finden Sie hier.

 

ca. 90 Min. mit Publikumsfragen

 

 Lëtzebuergesch