Kop-Laach-Bus

Sonntag 17. Juli 2022 15:00 Sonntag 17. Juli 2022 15:50 Maartplaz

Theater & Music, 10+

D'Companie KOPLA BUNZ kënnt den 17.07 am Kader vum Echterlive Festival mat engem mobille Musektheaterstéck bei seng Zuschauer_inne gefuer.

An dëser Pandemie-Zäit wëllen d’Kënschtler_innen eng Portioun Positivitéit bei d’Kanner an déi Jonk bréngen an si zum Laache bréngen. Laachen engersäits als Bréck, déi eis verbënnt no laanger Zäit an der Isolatioun, an anerersäits Laache fir Frustratiounen ze evakuéieren, oder se wéinstens fir e kuerze Moment ze vergiessen.

De Contenu vun dësem Theaterstéck erschaffen d’Kënschtler_innen mat verschiddene Klassen, wou et ëm Froe geet wéi: Wat deet dech laachen ? Wat ass eigentlech Humor? Fält dir e witzegen oder och manner witzege Moment aus der Pandemie-Zäit an? A kenns du vläicht ee Corona - Witz ?

Duerch e ganze Koup Spiller, Übungen an Diskussiounsronnen, eenzel oder am Grupp, gëtt esou e Stéck konzipéiert, wat ganz no un der Liewenswelt vun den zukünftegen Zuschauer_innen ass. Op eng musikalesch an humoristesch Aart a Weis fléisst dat gesammelt Material an d’Stéck an.

Lëtzebuergesch

50 Min.

Mise-en-scène: Ela Baumann & Milla Trausch

Atelier'en: Ela Baumann, Jean Bermes, Betsy Dentzer, Dagmar Weitze, Milla Trausch

Spill: Jean Bermes, Betsy Dentzer, Vedran Mutic, Milla Trausch

Bün: UMSCHICHTEN

Kostümer: Dagmar Weitze

Produktioun: Compagnie KOPLA BUNZ

 

Mat Ënnerstëtzung vun:

Abos 2022-23 Philharmonie Luxembourg
Fichier:Luxembourg ville (logo).svg — WikipédiaLe Fonds culturel national la Fondation Independance et la BIL lancent la bourse Independance pour la creation digitale