Pitt Becker

Tickets:
25 EUR Eenheetspräis<br>12,50 EUR reduzéiert<br><br>Eventuell Erhéijung vum Präis an der Oweskeess

ScHmIT HAPPENS 2019

Samstag 15. Juni 2019 20:00 Samstag 15. Juni 2019 21:30 Atrium

Let's hopp!!!

ScHmIT HAPPENS geet 2019 schonn an déi 7. Editioun. 

Zanter 2013 ware mer da 5 mol wielen. D’Koalitiounen an Europa an zu Lëtzebuerg, national a kommunal änneren all puer Joer. Eng Koalitioun gëtt awer zanter 7 Joer ganz erfollegräich weider gefouert: Déi tëscht dem Marc Schmit a sengem Kolleg dem Hoppen Théid. An esou wäerten si och wéi gewinnt am Fréijoer 2019 op der Bühn vum TRIFOLION stoen an ënnert anerem déi nei Regierung ënnert d’Lupp huelen. 

ScHmIT HAPPENS ass awer net nëmme Politik an dofir kann ee gespaant sinn wien nom Jean Asselborn, Donald Trump, dem oder der Pöjemöp, eisem Groussherzog, dem Maître a villen aneren, déi an de leschte Joren mat eisem Duo Schmit/Hopp opgetruede sinn, dës Kéier mat op Iechternach kommen.

90 Min. | ouni Paus

Lëtzebuergesch

Koproduktion:
Marc Schmit