Steve Karier - Harry Potter an den Alchimistesteen

Sonntag 5. Dezember 2021 14:30 Sonntag 5. Dezember 2021 15:30 Agora

Eng Liesung, déi Grouss a Kléng virwëtzeg mécht an erméiglecht, dem jonken Zauberer seng Geschichten elo och op Lëtzebuergesch ze entdecken.

Wie kennt net d’Geschicht vum jonken Zauberer mam ronne Brëll an der wäisser Eil, dee ganz Generatiounen aus der Kellechholzstrooss zu London mat op d’Zaubererschoul vun Hogwarts geholl huet? Rieds ass vum Harry Potter, enger vun de bekanntste Figuren aus der Kanner- a Jugendliteratur.

Den Harry Potter an den Alchimistesteen ass déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vun der Schrëftstellerin J.K. Rowling hirem Welt-Bestseller. An Zesummenaarbecht mat der Iwwersetzerin Florence Berg huet d’Kairos Edition déi zwee éischt Bänn op Lëtzebuergesch publizéiert (den zweeten ënnert dem Titel Den Harry Potter an dem Salazar säi Sall) an elo och d’Lauschterbuch vum éischte Band erausbruecht, virgelies vum Schauspiller Steve Karier.

Fir dës ganz magesch Welt erkléngen ze loossen an de Public mat op d’Rees vun den Hexen an Zauberer ze huelen, liest de Steve Karier aus dem Harry Potter an den Alchimistesteen. Eng Liesung, déi Grouss a Kléng virwëtzeg mécht an erméiglecht, dem jonken Zauberer seng Geschichten elo och op Lëtzebuergesch ze entdecken.

De Steve Karier ass e Lëtzebuerger Schauspiller a Spriecher. Hien ass a villen europäesche Länner grad esou wéi an Amerika, Asien an Afrika op der Bün an a Filmer opgetratt. Hien huet Honnerte vun Héierspiller a Lauschterbicher opgeholl. Zu Lëtzebuerg ass hien ënnert anerem wéinst senger Opnam vum Michel Rodange sengem Reenert bekannt.

Bei deser Veranstaltung wäert och Kairos Edition mat engem Bicherdesch vertruede sinn, bei deem Dir niewt der CD mat der Liesung vum Steve Karier och weider Bicher aus der Harry Potter-Saga an hierer lëtzebuergescher Iwwersetzung kaafe kennt.  Dozou zielen dës Wierker:

- D'Lauschterbuch : Den Harry Potter an den Alchimistesteen, vum J. K. Rowling, an d'Lëtzebuergescht iwwersat vum Florence Berg, gelies vum Steve Karier, Kairos Edition, Luxembourg, 2019, Hörbuch, 2 Discs mp3, ISBN 978-2-919771-08-0, Präis 38,50 €     

- Buch 1,  éischt Band vun der Saga (3. Editioun): Den Harry Potter an den Alchimistesteen, J.K. Rowling, an d'Lëtzebuergescht iwwersat vum Florence Berg, 3e éd., Kairos Edition, Luxembourg, ISBN 978-2-919771-09-7, Paperback, Präis 21€

- Buch 2, zweete Band vun der Saga ( 1. Editioun): Den Harry Potter an dem Salazar säi Sall, J.K. Rowling, an d'Lëtzebuergescht iwwersat vum Florence Berg an vum Guy Berg, Kairos Edition 2014, Luxembourg, ISBN 978-2-919771-19-6, Hardcover, Präis 33 € 

Lies- an Lauschterprouwen fannt Dir hei.

Virstellung fir Schoulen den Dënschdeg, 07. Dezember 2021 10 & 14:30 Auer.

Vu 7 Joer un (mat Preparatioun). Déi kleng Hexen an Zauberer kënne gären verkleet an den TRIFOLION kommen!

 

60 Min. ohne Pause

Lëtzebuergesch