E gutt gelaunten an interaktive Kannerlidder-Bandprojet fir Kanner vu 4 Joer un
D’Tina, d’Mirka, de Jimmy, de Momo an de Benno sinn europawäit unerkannt fir hir innovativ Konzepter an der Offallvermeidung an am Recycling. Esou hunn si di clever Iddi, fir e fonkelneien a kreative Recyclingspark zu Lëtzebuerg ze grënnen.
Nodeems di lëschteg Ekipp sech e coole Camion besuergt an dekoréiert huet, fueren si mam KARLO KIPPER, wéi de Kamion heescht, duerch d’Land fir iwwerall do ze hëllefe wou si gebraucht ginn. D’Karlo Kipper Crew befreie Späicheren, Scheieren, Kelleren a Naturplaze vum Offall a recycelen, wat ze recycelen ass.
D’Leit mierken awer och séier, dass dem KARLO KIPPER seng CREW net nëmme gutt gelaunt dem Offall Meeschter gëtt, ma och Musek mat lëschtegen Texter iwwert hier Abenteuer maachen a flott Lidder iwwert d’Leit an d’Situatiounen déi si begéine sangen.
5 Musiker op der Bün spillen an enger groovy Indie-Jazz-Soul-Funk Ästhetik mat moderne Beats an enger Fusioun aus Weltmusek, zeitgenësseschem Pop-Jazz an tribale Perkussioun-Grooves. Kreatioun vun 12 originelle Lidder op Lëtzebuergesch.
infos
Iddi: Dan Tanson | Konzeptioun: Dan Tanson & John Wolter | Kompositioun a Museksproduktioun : John Wolter | Texter: John Wolter / Dan Tanson | Bandleedung: John Wolter
Band: Pierre Cocq-Amann ( Saxophone, Clavier, Percussion) | Mateus Wojda ( Bass, Guitare, Percussions) | Claire Parsons ( Clavier, Percussions) | John Wolter ( Drums, Clavier, Chant) | Rahel Jamkowski (Chant)
Kostümer: Alexandra Lichtenberger | Lights: Bert Marijsse | Dramaturgie & Regie: Dan Tanson | Visuals: Irina Moons| Theaterpedagogik: Milla Trausch| Project Management: Dan Tanson
Produktioun: neimënster
Ko-Productioun: ESCHER THEATER ; TRIFOLION Echternach
Execitifproduktioun: AllerRetour Luxembourg
Preise
Schülertarif: 5,00€
Schulpersonal und Begleitung: 0,00€
Sprache
lëtzebuergesch
Ort
Atrium