Irina Moons
Junges Publikum

KARLO KIPPER  

E gutt gelaunten an interaktive Kannerlidder-Bandprojet
Samstag 29.03
16h00
Tickets kaufen

E gutt gelaunten an interaktive Kannerlidder-Bandprojet fir Kanner vu 4 Joer un an hier erwuesse Begleedpersounen.

D’Tina, d’Mirka, de Jimmy, de Momo an de Benno sinn europawäit unerkannt fir hir innovativ Konzepter an der Offallvermeidung an am Recycling. Esou hunn si di clever Iddi, fir e fonkelneien a kreative Recyclingspark zu Lëtzebuerg ze grënnen.

Nodeems di lëschteg Ekipp sech e coole Camion besuergt an dekoréiert huet, fueren si mam KARLO KIPPER, wéi de Kamion heescht, duerch d’Land fir iwwerall do ze hëllefe wou si gebraucht ginn. D’Karlo Kipper Crew befreie Späicheren, Scheieren, Kelleren a Naturplaze vum Offall a recycelen, wat ze recycelen ass.

D’Leit mierken awer och séier, dass dem KARLO KIPPER seng CREW net nëmme gutt gelaunt dem Offall Meeschter gëtt, ma och Musek mat lëschtegen Texter iwwert hier Abenteuer maachen a flott Lidder iwwert d’Leit an d’Situatiounen déi si begéine sangen.

5 Musiker op der Bün spillen an enger groovy Indie-Jazz-Soul-Funk Ästhetik mat moderne Beats an enger Fusioun aus Weltmusek, zeitgenësseschem Pop-Jazz an tribale Perkussioun-Grooves. Kreatioun vun 12 originelle Lidder op Lëtzebuergesch.

infos

Iddi: Dan Tanson | Konzeptioun: Dan Tanson & John Wolter | Kompositioun a Museksproduktioun : John Wolter | Texter: John Wolter / Dan Tanson | Bandleedung: John Wolter

Band: Pierre Cocq-Amann ( Saxophone, Clavier, Percussion) | Mateus Wojda ( Bass, Guitare, Percussions) | Claire Parsons ( Clavier, Percussions) | John Wolter ( Drums, Clavier, Chant) | Rahel Jamkowski (Chant)

Kostümer: Alexandra Lichtenberger | Lights: Bert Marijsse | Dramaturgie & Regie: Dan Tanson | Visuals: Irina Moons| Theaterpedagogik: Milla Trausch| Project Management: Dan Tanson

Produktioun: neimënster
Ko-Productioun: ESCHER THEATER ; TRIFOLION Echternach
Execitifproduktioun: AllerRetour Luxembourg

Preise

Einheitspreis: 18,00
Gruppe (ab 5 Pers.): 14,00
Trifo Card: 14,00
Kulturpass: 1,50

Rollstuhlplätze sind nicht online buchbar. Bitte erkundigen Sie sich ggf. bei unserer Tageskasse (Mo-Fr 13:00-18:00 Uhr) unter +352 26 72 39 500.

Sprache

lëtzebuergesch

Ort

Atrium