An der Nuecht vum 6. op de 7. Mee 1945 huet Nazideitschland de bedingungslose Kapitulatiounsvertrag ënnerschriwwen. An Europa hun déi demokratesch Strukturen, déi zerschloe gi waren, neess missen nei opgebaut gin. Och zu Lëtzebuerg.
„Entnazifizéierung, Säuberung, Epuratioun“, dat ware Schlësselbegrëffer am Ufank vun der neier Zeit.
D’Onrecht, d’Ënnerdreckung, d’Verzweiflung aus der Nazizeit stungen dem Gerechtegkeetsgefill, der Euphorie, der patriotischer Solidaritéit géintiwer. Fir déi meescht politesch Akteuren, op nationalem an op lokalem Plang (och zu Iechternach), stungen de radikale Broch mat den nationalsozialistesche Strukturen mat enger rigoroser Epuratioun vum gesamten Beamten-an Employésapparat als Grondbedingungen fir en Neiufank. Dat sollt d‘Basis sin fir e secheren, nohaltegen Opbroch an déi nei Zeit.
Eng Enquête administrative gouf lancéiert.
Eng turbulent Zeit, eng interessant a spannend Zeit fir den Historiker.
Den Historiker Ben Ferring huet zu dëser Problematik intensiv Recherche gemaach, déi hien den 2. Juli um 19.00 Auer am Trifolion zu Iechternach présentéiert.
D’Veranstaltunge fannt op Lëtzebuergesch statt. Den Entrée ass gratis. Mellt Iech fiert Planung wgl. bis eng Woch virun der Veranstaltung un 72 92 22 -1 oder communication@echternach.lu.
LIEU
Agora
LANGUE
Luxemburgisch
ORGANISATEUR
