concert

Lëtzebuerger Lidderflupp

Eng Zäitrees duerch de lëtzebuerger Lidderpatrimoine
dimanche 23.03
17h00
Acheter des billets

Déi lëtzebuergesch Sängerin Debbie Marinkovic an de Museker Georges Urwald trëffen op den Orchester Luxembourg Philharmonia ënnert der Leedung vum Martin Elmquist. Zesumme sangen a spille si sech duerch d’Lëtzebuerger Lidderkultur, vu Spillmannslidder, ‚Éiweggrénger‘ aus Koméidisstécker iwwert bekannte cabarettistesch Lidder ronderëm den Éischte Weltkrich bis zu Vinylschlager aus den 1960er a -70er Joren oder Theemëlidder vun der Musel.

E Fest, fir Lidder an hirer Zäit kennenzeléieren, fir zesummen ze sangen, fir mateneen ze feieren oder fir einfach nëmmen nozelauschteren.

Tëscht de Lidderpotpourrie spillt den Orchester Luxembourg Philharmonia instrumental Musekswierker vu Lëtzebuerger Komponisten. 

credits

Debbie Marinkovic, Georges Urwald & Luxembourg Philharmonia

Gesank, Piano, Moderatioun Georges Urwald  
Gesank Deborah Marinkovic
Direktioun Martin Elmquist
Orchesterarrangementer Tom Braquet, Jean-Marie Kieffer, Georges Sadeler, Georges Urwald

PROGRAMME

Aus dem Programm:

instrumental Orchesterwierker:

Polka ‘La dame de trèfle’ op. 23 (Dicks)
D’Wonner vu Spéisbech (Arrgt. Luc Rollinger)
Op der Juegd (Arrgt. Patrick Haas)

Lidderpotpourrie fir Gesank, Piano an Orchester:

De Spillmann ass do (Arrgt. Jean-Marie Kieffer) – Lidder aus der Zäit vun de Spillmänner ronderëm de Blannen Theis: Zu Arel op der Knippchen, Meedche vu Gëtzen, De Kiermesjang, …

De Lentz ass do (Arrgt. Georges Sadeler) – bekannte Lidder vum Michel an Edmond Lentz: An Amerika, De Feierwon, Wéi meng Mamm nach huet gesponnen, …

Georg’ly, Georg’ly dréi (Arrgt. Georges Urwald) – Lidd iwwert de bekannte Spillmann ‚De Georgely‘ (1848-1923)

Dicksy-Bichelchen (Arrgt. Georges Sadeler) – ‚Éiweggrénger‘ vum Edmond de la Fontaine: Ech sinn e groussen Hexemeeschter, Pierle vum Da, De Kanonéier, …

Wanterdag (Arrgt. Georges Urwald) – e Lidd iwwert Liewen, Hoffnung an Ziler am Liewen

En Tour op d‘Musel (Arrgt. Tom Braquet) – Potpourri mat de schéinste Lidder vun der Musel: Kättche, Kättchen, Drénkt Mis’ler Wéngchen, D’Lidd vum Muselgreechen, …

Op Vinyl um Dill (Arrgt. Tom Braquet) – bekannte Lidder vu Lëtzebuerger Vinylopnamen: De Jang’ly fiert den Houwald ‘rop, Rouse vu Lëtzebuerg, Den Anatol aus dem Monopol, Dat war e schéinen Owend, Futtballlidd, Mir sinn um Dill, …

De Jempy, de Louis, de Putt an de Fritz  (Arrgt. Georges Urwald) – Lidder vun de Spëtzbouwe ronderëm Poutty Stein & Co.: Dem Wirsch seng Wueden, D‘Hechtercher aus der Stad, D’Lidd vum Théiwesbuer, De schéine Poli, Un der Atert, …

Prix

Tarif normal: 35,00
Réduit: 21,00
Tarif de groupe (à.p.d. 5 pers.): 28,00
Trifo Card: 28,00
Kulturpass: 1,50

Lieu

Atrium


Partager