Inscriptions : scolaires@trifolion.lu
(Ce texte n’existe pas en français.)
Nikki Ninja & d’Wibbeldidubs ass ee Concert fir Kanner op Lëtzebuergesch vum Pol Belardi a Nicole Bausch, deen den Accent sëtzt op Texter mat Message an op Musek mat Gefill fir di ganz Famill.
D’Nikki Ninja ass zréck, wat ee Gléck!
De Mantel schwaarz giel, geféierlech wéi eng Bei, *bbsssss pick*
Sinn d’Katsuro Kaatz, de Benji Bier an d’Schwéngi Schwain dem Nikki nach ëmmer trei, di drai haaten awer Loscht ob nei, ob frai, d’Häerz huet net mi fir den Hiphop alleng geklappt, si wollten alles spillen, dofir sinn si elo d’Wibbeldidubs!
Um neien Album glänzen also Influenzen vun iwwerall, wi wonnerbar, well dat ass d’Liewen, vill Léift an Trallala!
D’Jessi Jaus ass fort geplënnert, mä alles paletti, dem Nikki seng nei Frëndinn heescht Kätti Konfetti, di zwee chille wi Chillkröten, Krenondibass, faalen mat der Trottinett, baake Kuch, Fannen hier Superninjakraaft, kréie vu Glace net genuch, genéissen d’Vakanz, an an an an wéi ëmmer gëtt zu Räppeldeng vill gelaacht, Musék gemaach a gedanzt!
Prix
Tarif scolaire: 5,00€
Personnel enseignant: 0,00€
Durée
60′
Lieu
Atrium
Langue
Luxembourgeois
Âge
6+
Nombre de visiteur
250 personnes maximum