Shutterstock
Conférence

SCREEN-LIFE BALANCE: JONKER AN HIR SMARTPHONES – ENG ERAUSFUERDERUNG FIR GROUSS A KLENG

Regards - Les conférences du LCE
mardi 11.02
19h00
Acheter des billets

Wéi Elteren a Schoule Kanner am Ëmgang mat hire Smartphones begleede kënnen.

D’Handynotzung an de Schoulen soll méi streng reglementéiert ginn. Dem Lycée classique d’Echternach (LCE) ass et wichteg, sech nieft enger sënnvoller Reglementatioun dermat auserneen ze setzen, wéi d’Notzung vun dëse Geräter kann encadréiert ginn, souwuel an der Schoul wéi och doheem. Den Austausch an d’Sensibiliséierung vun alle Partner – Schüler*innen, Elteren an Enseignanten – läit eis dobäi besonnesch um Häerz.

An dëser Konferenz informéiert de Marc Bressler vum Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV) all déi interesséiert doriwwer, wéi jonk Leit Smartphones notzen a wéieng Inhalter si konsuméieren. Dobäi gëtt hie praktesch Tipps, wéi een d’Kanner am Ëmgang mat de Smartphones begleede kann a stellt déi wichtegst Ulafstelle vir, un déi ee sech am Fall vun exzessivem Verhalen wende kann.

Lycée Classique d’Echternach a Kooperatioun mam Trifolion an dem Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht

« Regards » est le titre d’un cycle de conférences autour de problématiques et d’enjeux sociaux contemporains organisées par le LCE.

Prix

Entrée gratuite. Réservation obligatoire: 0,00

langues

Luxembourgeois

durée

90 min.

lieu

Atrium


Partager