12 Mar 2024

WORLD DAY OF THEATRE FOR CHILDREN AND YOUNG PEOPLE

De World Day of Theatre for Children and Young People gëtt weltwäit all Joers de 20. Mäerz gefeiert. Et ass eng Initiativ, déi vun der International Association of Theatre for Children and Young People (ASSITEJ) an d’Liewe geruff gouf, ganz nom Motto: “Take your child to the theatre, today.” 

D’Iddi vun der ASSITEJ ass et, Kulturhaiser, Organisatiounen an Individueller, déi Theater fir Kanner a Jugendlecher organiséieren, ze vereenegen. All Joers ginn an deem Kader Konferenzen, Spektakelen, Workshops a villes méi organiséiert, dat ganzt ënnert dem Hashtag #takeachildtothetheatre.

Eise kulturelle Programm fir Kanner kënnt dir hei entdecken: