Den Numm Willibrord ass haut zu Lëtzebuerg virun allem mat der Iechternacher Sprangpressessioun verbonnen. Säin Ruff als lëtzebuergeschen Nationalhellegen ass awer nëmmen eng vu villen Identitéiten, déi dem Willibrord am Laf vun de Joerhonnerten zougerechent gouf: englesche Missionar, iresche Pilger, “Apostel vun de Friesen”. De Virtrag ënnersicht d’Entwécklung vum moderne Willibrord-Bild tëschent dem 19. an dem 21. Joerhonnert a geet der Fro no, wéi een sech am modernen Europa – vun Irland bis op Iechternach – un d’Fréimëttelalter erënnert an erënnert huet.
Dauer
60 Minuten