Daniel Moutinho, e seelent Exemplar, hat säin éischten Optrëtt de 27. September 1988 a Portugal, méi genee zu Guarda. Wärend sengem Liewenswee geet hien duerch verschidde Phasen: als éischt en onrouege Jonken, duerno Léierbouf am Verkaf, an herno Fahrlehrer. Dës Beruffserfarungen si souwuel divers wéi och beräicherend, mee si konnten net, seng iwwerméisseg Kreativitéit zefridden ze stellen.
Et ass Kombinatioun vu sengem Alldag a sengem natierlechen Humor, datt den Daniel säi Wee fënnt. Mat engem ongebremste Wonsch fir d’Leit zum laachen ze bréngen an seng Geschichten ze deelen, erschaaft hien 2019 Joss Den Hellen, eng Figur mat engem Retrolook an engem ongewéinlechen Humor. Mat sengem imposante Schnauz a sengem ale Stil erméiglecht Joss et, d’Klischeeën iwwert Lëtzebuerg an d’portugisesch Gemeinschaft ze ënnergruewen. Seng humoristesch Videoen, déi hien op de Social Media deelt, fanne séier groussen Uklang a kréien Dausende vu Klicks.
Awer hält den Daniel do net op. Gestäerkt duerch déi éischt Erfolleger, geet hie schonn an dem selwechte Joer op d’Bün a mécht seng éischt Stand-up-Show. Do schwätzt hien iwwer Theemen, déi him um Häerz leien: Reesen, kulturell Ënnerscheeder, Immigratioun a natierlech vill Anekdoten aus sengem eegene Liewen. Ass dat schonn seng definitiv Form – oder sti nach Iwwerraschungen un? D’Zäit wäert et eis verroden.
An senger éischter Show hëlt den Daniel Iech mat op eng Rees duerch seng vill Liewenserfarung. Vun Erzielungen iwwert säi Grousspapp bis zu den Aventure mat sengen Elteren a Frënn, et gëtt e Wierbel vu Geschichten, déi gläichzäiteg witzeg an emotional sinn.
Wien ass den Daniel Moutinho eigentlech? En Typ, deen een aus dem Internet kennt? E Farleerer? Oder vläicht souguer en Inkognito-Superheld? Fir dëst Rätsel opzeléisen, huet den Daniel decidéiert op d’Bün ze goen an zesumme mat Iech, sengem Public, dee Fall ze léisen.
Inzenéierung: Alex Monteiro
Produktioun: Aalt Stadhaus, Déifferdeng
Preise
Normaltarif: 25,00€
Ermäßigt: 15,00€
Gruppentarif: 20,00€
Trifo Card: 20,00€
Kulturpass: 1,50€
Sprache
Französisch
Ort
Agora