Du Litty do!

eng Produktioun vum LCE an Zesummenaarbecht mam TRIFOLION an der Nationalbibliothéik
Samstag 06.05.23
20h00
diese Veranstaltung ist vorbei

De Litty (Pierre-Toussaint Stefani, 1872-1932) ass an der Zäit ronderëm den Éischte Weltkrich de wuel bekanntsten Ënnerhalungskënschtler zu Lëtzebuerg. Vill nei Lidder aus der Zäit (z.B. vum Poutty Stein) mécht hien duerch seng jovial an adrett Aart a Weis am ganze Land; bäi Jonk an Al, bekannt. Oft gett hie bei sengen Optretter op der Schubermëss, an de Cafe-Chantants, an den Hoteler vu senger Duopartnerin Bobby (Victorine Chalois) begleet. Un hirer Säit wierkt de ‘Pappa Amberg’, Impresario a Ferderer vun der Lëtzebuerger Kultur.

De Spektakel Du Litty do! retraceiert dem Litty säi Liewen duerch politesch a geschichtlech markant Ereegnisser zu a ronderëm Lëtzebuerg: Stolindustrie, Auswanderung, Schoulpflicht, Paul Eyschen, Cabaretszeen, Éischte Weltkrich, 1. Meedercherslycée, Fraewalrecht, 1920er Joren oder Wirtschaftskris. Biografesch Aspekter a geschichtlech Ereegnisser ginn unhand vun originale Lëtzebuerger Lidder aus der Zäit an Neikompositioune fir Solo, Chouer a Band verdäitlecht. De Spektakel bitt eng Rees an eng spannend Zäit vun der Lëtzebuerger Geschicht an an d’Liewe vum landbekannte Litty.

LINE-UP

TRIO FLOTT
Joe Del Toe (Litty)
Jacqueline Bischofsberger (Bobby)
Georges Urwald (Piano a Gesank)

Marc Linden (Erzieler)

CHOUER VUM IECHTERNACHER KOLLÉISCH
(Dir. Monique Schumann)

BOBBY BAND

Text a Musek:
Lëtzebuerger Lidder aus der Zäit, Jean-Marie Kieffer & Georges Urwald

Bléck vu baussen:
Milla Trausch

Datenschutz-Übersicht
TRIFOLION ECHTERNACH ASSOCIATION SANS BUT LUCRATIF

Diese Website verwendet Cookies, damit wir dir die bestmögliche Benutzererfahrung bieten können. Cookie-Informationen werden in deinem Browser gespeichert und führen Funktionen aus, wie das Wiedererkennen von dir, wenn du auf unsere Website zurückkehrst, und hilft unserem Team zu verstehen, welche Abschnitte der Website für dich am interessantesten und nützlichsten sind.

Unbedingt notwendige Cookies

Unbedingt notwendige Cookies sollten jederzeit aktiviert sein, damit wir deine Einstellungen für die Cookie-Einstellungen speichern können.