Michel Summer

“En ass et!”

Live Sketching Session avec Dr. Michel Summer
Donnerstag 08.12
19h00
Buy tickets

Mam Saz “En ass et!” huet de Staater Gemengerot Lucien Koenig, och “Siggy vu Lëtzebuerg” genannt, de Jang de Blannen 1946 identifizéiert, wéi dësem säi Graf kuerz viru senger Réckféierung op Lëtzebuerg, opgemaach gouf.

Esou wéi de Lucien Koenig hu mir all méi oder wéineger konkret Virstellungen am Kapp, wéi een historesche Personnage soll ausgesinn hunn. Mee wou kommen déi Virstellungen eigentlech hier? An ass dat Bild dat mir vum Sigfried, Jang de Blannen oder och dem Willibrord am Kapp hunn och tatsächlech historesch korrekt? An enger Live-Sketching Session, zesumme mam promovéierten Mëttelalterhistoriker a Cartoonist Michel Summer, kritt de Public d’Méiglechkeet ee Bild vun eisen Nationalhelden no senge Virstellungen zeechnen ze loossen a bei der uschléissender Visite zesumme mam Curateur vun der Ausstellung dëst Bild kritesch ze hannerfroen.