Konzert

Harmonie Municipale Grevenmacher 190e Anniversaire

Org.: Harmonie Municipale Grevenmacher
Sonntag 12.05
17h00
Buy tickets

D’HMG feiert 2024 als drëtteelst Musek vu Lëtzebuerg hieren 190. Gebuertsdag

D’Joer 2024 wäert sécherlech an d’Geschicht vun der Maacher Musek agoen, wéi schonn esou munnech Evenementer an deenen 190 vergaangene Joeren. Dat awer net nëmmen, well d’Stadmusek 2024 e ronne Gebuertsdag feiert, mee och well d’Stad Maacher am Hierscht e fuschneie Kulturzentrum, an d’HMG domat en neit Doheem kritt.

Haut geet mäin häerzlechste Merci, an och mäin déifste Respekt, un déi vill Musikantinnen/en, un d’Dirigenten, un déi Responsabel an d’Comitésvertrieder, an och un déi vill Frënn vun der Maacher Musek, déi an dëser laanger Zäit dofir gesuergt hunn, dass mir dësen houfrege Gebuertsdag feiere kënnen.

Gläichzäiteg, an net manner häerzlech, geet och e grousse Merci un déi Maacher Schäffen- a Gemengeréit, déi de Bau vun deem neie Kulturzentrum mat Courage a Wäitsiicht realiséiert hunn, zu Gonschte vun alle Maacher Kulturveräiner an der Regionaler Maacher Musekschoul, mee och zu Gonschte vun der ganzer Populatioun vu Maacher an doriwwer eraus.

Wa mir haut also 190 Joer Harmonie Municipale Gréiwemaacher feieren – an dat zesumme mat der eelster Musek aus dem Land, der Harmonie Grand-Ducale Municipale vu Woltz – dann ass dat e Fest vu grousser Freed, vu Frëndschaft a vu Verbonnenheet ënnereneen. An och déi zwou Jugendmuseken vu Maacher a vu Woltz wäerten zesummen am Trifolion fir Begeeschterung suergen.

Loosse mir e puer onvergiesslech Stonnen zesummen dëse Gebuertsdag feieren, bei gudder Laun, bei beschter musikalescher Ënnerhalung, an a frëndschaftlecher Ambiance.

Der Vorverkauf startet am 15. April.

Ort

Atrium

Veranstalter

Harmonie Municipale Grevenmacher


Partager