Junges Publikum

Héngerhaut-Geschichten – Betsy Dentzer & Louisa Marxen

E musikalesche Geschichteprogramm fir sech e bëssen ze schudderen. Fir Kleng a Grouss vu 6 Joer un.
Sonntag 30.10
10h00
Buy tickets

E musikalesche Geschichteprogramm fir sech e bëssen ze schudderen

Fir d’éischt spiert een et am ënneschte Réck. Dono krabbelt et gaaanz, gaanz lues laanscht d’Wirbelen de Réck erop, léisst sech kuerz tëscht de Schëllerblieder nidder, éier et säi Wee bis an d’Genéck an hannert d’Ouere fënnt. Dacks schläicht et sech och nach iwwert d’Schëlleren d’Aërm erof. Et gëtt dir mol kal, mol waarm dobäi. De Bauch zitt sech e bëssi fäerteresch zesummen, an awer ginn déng Ouere grouß op… well et ass jo awer och immens flott, sech esou richteg gutt ze schudderen, gell?

Ee Grujel- a Gespenstergeschichteprogramm, ausgeduecht an erzielt vum Betsy Dentzer a musikalesch vergrujelt vum Louisa Marxen.

Infos

Konzept, Textaarbecht, Erzielung : Betsy Dentzer
Konzept, Perkussioun: Louisa Marxen
Bün: Betsy Dentzer, Louisa Marxen
Produktiounsleedung: Betsy Dentzer, Emile Deutsch

Eng Produktioun vu Kopla Bunz a.s.b.l. a Koproduktioun mam Trifolion Echternach, Kulturhaus Niederanven, Cube 521.