Theater

Kop-Laach-Bus

Theater & Music, 10+
Sonntag 17.07.22
15h00
diese Veranstaltung ist vorbei

D’Companie KOPLA BUNZ kënnt den 17.07 am Kader vum Echterlive Festival mat engem mobille Musektheaterstéck bei seng Zuschauer_inne gefuer.

An dëser Pandemie-Zäit wëllen d’Kënschtler_innen eng Portioun Positivitéit bei d’Kanner an déi Jonk bréngen an si zum Laache bréngen. Laachen engersäits als Bréck, déi eis verbënnt no laanger Zäit an der Isolatioun, an anerersäits Laache fir Frustratiounen ze evakuéieren, oder se wéinstens fir e kuerze Moment ze vergiessen.

De Contenu vun dësem Theaterstéck erschaffen d’Kënschtler_innen mat verschiddene Klassen, wou et ëm Froe geet wéi: Wat deet dech laachen ? Wat ass eigentlech Humor? Fält dir e witzegen oder och manner witzege Moment aus der Pandemie-Zäit an? A kenns du vläicht ee Corona – Witz ?

Duerch e ganze Koup Spiller, Übungen an Diskussiounsronnen, eenzel oder am Grupp, gëtt esou e Stéck konzipéiert, wat ganz no un der Liewenswelt vun den zukünftegen Zuschauer_innen ass. Op eng musikalesch an humoristesch Aart a Weis fléisst dat gesammelt Material an d’Stéck an.

Mise-en-scène: Ela Baumann & Milla Trausch
Atelier’en: Ela Baumann, Jean Bermes, Betsy Dentzer, Dagmar Weitze, Milla Trausch
Spill: Jean Bermes, Betsy Dentzer, Vedran Mutic, Milla Trausch
Bün: UMSCHICHTEN
Kostümer: Dagmar Weitze
Produktioun: Compagnie KOPLA BUNZ

Datenschutz-Übersicht
TRIFOLION ECHTERNACH ASSOCIATION SANS BUT LUCRATIF

Diese Website verwendet Cookies, damit wir dir die bestmögliche Benutzererfahrung bieten können. Cookie-Informationen werden in deinem Browser gespeichert und führen Funktionen aus, wie das Wiedererkennen von dir, wenn du auf unsere Website zurückkehrst, und hilft unserem Team zu verstehen, welche Abschnitte der Website für dich am interessantesten und nützlichsten sind.

Unbedingt notwendige Cookies

Unbedingt notwendige Cookies sollten jederzeit aktiviert sein, damit wir deine Einstellungen für die Cookie-Einstellungen speichern können.