Junges Publikum, Konzert

Nikki Ninja & Afrobeathoven

Family Day | Beats, Flow, Wuertwitz a Reimereien fir di ganz Famill ab 7 Joer
Samstag 04.05
15h00
Buy tickets

D’Nikki huet eng ganz besonnescht Superkraft: hatt spillt mat der Sprooch!

D’Nikki, e ganz normaalt Meedchen, erzielt immens gäre vu sengen Erliefnisser an de Stroossen vu Räppeldeng.
Räppeldeng? Jo, Räppeldeng, dat kléngt léift Duerf matzend an der Mëtt vu Lëtzebuerg! Do ass et nach schéin a rouëg a gemittlech, oder?
Do kann een sech zwar mol gewalteg ieren, well wann d’Nikki mat senger Clique lassleet, sech an d’Nikki Ninja verwandelt a seng Geschichten zielt, da rabbelt et!
D’Wierder fléien da just sou aus sengem Mond, an et reent Rhymes amplaz Knëppelsteng zu Räppeldeng. Sei Flow ass witzeg an éierlech… einfach nëmme Ninja.
Wuertspiller, wéi een se nach ni héieren huet, Reimer, déi engem d’Zong verdréinen a Beats, déiënner d’Haut ginn…

D’Nicole Bausch, den Dennis Scholtes, de Pol Belardi & Afrobeathoven hunn sech ënnert der Regie vum Dan Tanson zesumme gedoen, Hiphop mat Jazzmusek an aaler Boom-bap Manéier zesummen ze bréngen, an esou Hip-Hop Kannergerecht zougänglech ze maachen.

Konzept: Nicole Bausch & Dan Tanson
Musikalisch Leedung: Pol Belardi
Regie: Dan Tanson
Visuell Gestaltung: Sascha Di Giambattista
Kostüm: Alexandra Lichtenberger

Preise

Standard: 15,00
Gruppe (ab 5 Pers.): 12,00
TRIFO Card: 12,00
Kulturpass: 1,50

Ermäßigte Tickets, z.B. Rollstuhlplätze sind nicht online buchbar. Bitte erkundigen Sie sich ggf. bei unserer Tageskasse (Mo-Fr 13:00-18:00 Uhr) unter +352 26 72 39 500.

Ort

Atrium

Dauer

1 Stunde ohne Pause

KOPRODUKTION

MIT DER UNTERSTÜTZUNG VON


Partager