Claude Sibenaler
Kabarett, Theater

OP KOLLISIOUNSKURS

Eng intragallaktesch an extraterrestresch One-Man-Stand-Up-Komete-Show mam Claude Faber
Mittwoch 12.03.25
20h00
diese Veranstaltung ist vorbei

Wat géift Dir maachen, wann een Asteroid mat eiser gudder aler Äerd kollidéiert an an net manner wéi enger Woch esou zimmlech all d’Liewen dorop ausläscht? Nach séier mam Hond gassi goen? Well och an esou Fäll bleift Dir Äre Gewunnechten trei. Nach eng leschte Kéier bei de Coiffer? Dir wëllt schliisslech gutt ausgesi bei esou engem Once-in-a-lifetime-event. Eng ültim Croisière op de Nordkap, ee leschten Tango zu Paräis oder nach séier een exklusive Fluch mat SpaceX an de Weltall buchen, fir deem Spektakel mat beschter Vue bäizewunnen?

Hutt Dir schonns eng Kéier mat dem Gedanke gespillt, an de Weltall ze investéieren? New Space a Space Mining huet net nëmmen de Major Etienne gäil fonnt. Dat butzegklengt Lëtzebuerg als Virreider an där grousser Wild-West-Space-Show, Reegele gëtt et zwar keng, dofir awer eng Hellewull Goldgriewer a Glécksritter.

An enger exorbitanter One-Man-Comedy-Space-Odyssey ginn de Claude Faber an de Roland Meyer dësen an nach villen anere Froen op de Grond a befanne sech esou méi séier wéi si domat gerechent haten op Kollisiounskurs mat Politik, Ethik a Physik an och mat deem, wat gemengerhand fir de gesonde Mënscheverstand gehale gëtt.

Spill – Claude Faber | Text – Roland Meyer

Eng Koproduktioun vum Musée national d’histoire naturelle am Kader vun der temporärer Ausstellung „Asteroid Mission“. Dës Expo, a Form vun enger Wanderausstellung, ass vum 12. Mäerz bis de 3. Abrëll 2025, am Foyer vum TRIFOLION ze gesinn.

Preise

Normaltarif : 15,00
Ermäßigt: 9,00
Trifo Card: 11,00
Gruppe (ab 5 Pers.): 11,00
Kulturpass: 1,50

SPRACHE

Lëtzebuergesch

dauer

60 Min. ohne Pause

Ort

Foyer


TEILEN

Datenschutz-Übersicht
TRIFOLION ECHTERNACH ASSOCIATION SANS BUT LUCRATIF

Diese Website verwendet Cookies, damit wir dir die bestmögliche Benutzererfahrung bieten können. Cookie-Informationen werden in deinem Browser gespeichert und führen Funktionen aus, wie das Wiedererkennen von dir, wenn du auf unsere Website zurückkehrst, und hilft unserem Team zu verstehen, welche Abschnitte der Website für dich am interessantesten und nützlichsten sind.

Unbedingt notwendige Cookies

Unbedingt notwendige Cookies sollten jederzeit aktiviert sein, damit wir deine Einstellungen für die Cookie-Einstellungen speichern können.