Bäi Geleeënheet vun hierem 10ten Gebuertsdag presentéiert Tri2pattes elo een Jubiläums-Comedy-Programm.
Een Alldag ouni Laachen, dat misst verbuede sinn ! An awer ass dat Laachen fir muenchereen keng Selbstverständlechkeet ! Mir stressen eis, si flemseg a genervt, granzen, gin heiansdo richteg rosen, obwuel dat eis meeschtens och net wierklech weiderbréngt ! Dobäi, wa mir eis selwer net ëmmer sou eescht géifen huelen, da kéinte mir vläicht souguer iwwert eisen eegenen Eefalt laachen ! A genee mat der Astellung géif de Bléck an de Spigel ënner Ëmstänn ganz nei Perspektiven erginn!
Och an dësem neie Comedy-Programm vun Tri2Pattes ass genee dat souzesoen de Leitmotiv, an déi wichtegst Inspiratiounsquell fir eng Hellewull vu leschtege Sketcher, Lidder, Dänz, Pantomime an Clownerie. Een OwendE Moment gefëllt mat gudder Laun, dat steet hei um Menü. Och Laachen ass hei eng Optioun, vläicht souguer fir déi, déi dodrann zimlech zéi sinn ! Kommt kucken an iwwerzeegt Iech selwer.
De Benefiss geet integral un ‚MEMA – Mon école mon avenir asbl‘
www.mema.lu
infos
Mam: Sonja Schmitz, Dan Theisen, Änder Thill
Choreographie: Sara Eden
Foto: Studio Aline Photo
Layout: Hanna Karczewska
Technik: Fanfan Chotro, Ars Salvestrin
Preise
Normaltarif: 25,00€
Ermäßigt: 15,00€
Gruppe (ab 5 Pers.): 20,00€
Trifo Card: 20,00€
Kulturpass: 1,50€
sprOOCH
Lëtzebuergesch
Dauer
140 Min. mit Pause
ort
Atrium